Communicatioun vun der Police an der Gemeng Esch/Sauer

Och um Stau gëllt et d’Regelen ze befollegen

Sonn, Waasser, Picknick... vill Leit verbrénge bei schéinem Wieder e flotten Dag op de Plagen um Stau.

An deem Kontext wëllen d’Police an d’Gemeng Esch/Sauer op e puer Regelen hiweisen:

  • Parking: Respektéiert d’Beschëlderungen a Parkverbueter. En neie Gratis-Parking “Am Kéilert” ass zu Ënsber disponibel. D’Parkingen “Plage 1” a “Fuussefeld” zu Ënsber sinn tësche 23.00 Auer a 07.00 Auer zou.
  • Grillen: Benotzt d’Griller déi vun der Gemeng opgeriicht goufen. Den eegene Grill däerf keng Gefor duerstellen a keng Brandflecken an der Wiss hannerloossen. Oppe Feier op de Plage sinn net erlaabt.
  • Haart Musek: Ass op de Plage verbueden. D’Material ka vun der Police séchergestallt ginn.
  • Hënn: Sinn op de Plagen net erlaabt. Ausnam: op der Plage “Misärsbrëck” (do steet kee Verbuetsschëld).
  • Campéieren oder zelten: Ass net erlaabt. Stellt d’Police dat fest, mussen d’Zelter ofgebaut ginn.
  • Dreck: Hannerloosst keen Dréck. Poubelle si genuch do. Waarm Äsche gehéieren net do dran.

D’Police féiert de ganze Summer iwwer regelméisseg Kontrollen duerch. 

Aktualiséiert