Formatioun zum Senioresécherheetsberoder

Mamer

D'Senioresécherheetsberoder sinn e Grupp vun aktive Benevolen, déi d'Leit iwwer all méiglech Kriminalitéitstricker a Geforen informéieren. Während hiere Konferenzen gi si wertvoll Tipps, wéi d'Leit selwer eppes fir hier eege Sécherheet kënne maachen.

Hutt Dir Loscht Iech weider ze bilden an eng flott Formatioun matzemaachen?

Sidd Dir interesséiert fir aktiv eppes zur Sécherheet bäizedroen a Konferenzen ze halen?

Dann engagéiert Iech a gitt Senioresécherheetsberoder!

Zesumme mat der Police Grand-Ducale an dem Familljeministère invitéieren d’Senioresécherheetsberoder op eng Informatiounsveranstaltung, wou Dir méi iwwer déi nei Formatioun zum Senioresécherheetsberoder gewuer gitt. Dës Formatioun gëtt vun der Police am Laf vum Joer ugebueden.

Datum: Dënschdeg, 4. Abrëll um 15.00 Auer
Referenzpersoun: Viviane Eschenauer
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: Gratis
Umeldungen ënnert der Telefonsnummer 247-86544 (Ministère de la Famille) oder per E-Mail un senioren@fm.etat.lu
Uert: Mamer Schlass
(Administration communale de Mamer)
1, rue de l‘Indépendance
L-8252 Mamer
Dernière mise à jour