Aktioun Bobby

Telefon 12321

De Bobby bitt Hëllef un, hie kläert op an hie sensibiliséiert. Hien ass dee klenge wäisse Petzi, dee fir Kanner, déi an Nout sinn, ënnert der Telefonsnummer 12321 ze erreechen ass. De Bobby lauschtert hinnen no a versicht de Kanner, déi e Problem hunn, séier a gutt ze hëllefen.

D’Équipe vun der Sektioun "Protection de la Jeunesse" vun der Police Judiciaire, also déi Leit, déi berufflech Dag fir Dag mat Kanner, déi an Noutsituatioune sinn, ze dinn hunn, huet am Laf vun der Zäit bei esou trauregen Ermëttlungen fonnt, et misst een deene Kanner, déi bei der Police Judiciaire um Büro sinn, eng Upak kënne ginn, datt si e bëssche méi liicht iwwer hir schlëmm Erliefnesser erziele kënnten.

Ganz séier koum d’Iddi, dat a Form vun engem Petzi ze maachen. Well wat fir e Kand ass net frou mat sou engem Stoffdéier? Wat fir e Kand sicht keng Hëllef an Trouscht bei sengem Petz, wann et Suergen huet? Nodeem dës Iddi gebuer war, gouf sech d’Fro gestallt, wat fir eng Missiounen esou ee Petz nach iwwerhuele kënnt.

Esou koum d’Iddi op, dem Petz e Slogan an eng Telefonsnummer op de Bauch ze schreiwen. D’Telefonsnummer sollt einfach sinn an domat all Kand (oder och Erwuessenen) erlaben uruffen ze kënnen.

Mat der Hëllef vu Kanner huet d’Police Judiciaire no enger einfacher Telefonsnummer an och no engem gudde Numm fir hire Petz gesicht. D’Kanner hu bei Ëmfroen de Numm Bobby am flottste fonnt an sou ass och seng Telefonsnummer, also den 12321, erausgesicht ginn. Mat "Bobby" ass e Numm fonnt ginn, deen am wäitste Sënn nach un d’Police denke léisst, an zwar un e Polizist, dee bei de Leit e positiven Image huet, den englesche Bobby!

Wie steet hannert dem Bobby?

D’Aktioun Bobby gouf vun der Sektioun "Protection de la Jeunesse" vun der Police Judiciaire an Zesummenaarbecht mat RTL a mat der Madame Sylvie Andrich-Duval, Kannerpsychologin, an d’Liewe geruff an d’Aktioun steet ënner dem héije Patronage vun der Groussherzogin Maria Teresa.

De Bobby konnt een an der Zäit a verschiddene Frequenzen op RTL Télé gesinn an och um Radio héieren, wou de Bobby de Kanner gutt Rotschléi ginn huet, wéi ee sech géint sexuelle Mëssbrauch an och géint aner Mëssbräicher wiere kann. Dës Sensibiliséierung wor esou gehal, datt si Kanner bis 10 Joer usprieche sollt. De Bobby huet de Kanner och ëmmer seng Telefonsnummer duerchginn, sou datt den 12321 mëttlerweil bei de Kanner, de Jugendlechen an och bei den Erwuessene gutt bekannt ass.

D’Uriff un den 12321 gi vun de Membere vun der Jugendsektioun vun der Police Judiciaire entgéintgeholl an traitéiert. Fir awer enger Hexejuegd aus de Féiss ze goen, ginn nëmmen do Enquêten ugefaang, wou den Uriffer (e Kand och eng erwuesse Persoun) säi Numm seet.

Aktualiséiert