Déi nei Police

De Reformprojet iwwer d’Police trëtt den 1. August dëst Joer a Kraaft

Eng effikass a modern Police am Déngscht vum Bierger

Message vum Étienne Schneider, Vizepremierminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet a vum Francine Closener, Staatssekretärin fir bannenzeg Sécherheet

Den 1. August trëtt d’Reform vun der Police a Kraaft, eng Reform, vun där jidderee profitéiert. D’Police gëtt moderniséiert, de Service um Bierger steet dobäi am Mëttelpunkt. D’Police ass an Zukunft méi disponibel a méi präsent dobaussen um Terrain, si kritt besser Aarbechts-konditiounen duerch eng méi flexibel Organisatioun vun de Strukturen.
An deem Sënn ass dës historesch Reform vun der Police ee weideren, groussen an decisive Schrëtt an der Sécherheetsgestaltung zu Lëtzebuerg.
Dës Reform war méi wéi noutwenneg. Zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen ëmmer méi Leit an hir Besoinen an Demanden un eng effikass Police hu geännert, dat an engem Kontext vun ëmmer neie Forme vu Kriminalitéit. Deem hu mir, als politesch Responsabel, bei eisen Iwwerleeunge misse Rechnung droen, am Interêt vun der ëffentlecher Sécherheet.
Déi nei Police, esou wéi se sech elo an Zukunft presentéiert, ass déi konkret Äntwert op dës nei Erausfuerderungen.
Nei Kompetenze garantéieren de Beamten eng méi grouss Rechtssécherheet bei hirer Aarbecht, wéi zum Beispill bei Perquisitiounen, Identitéitskontrollen, Saisien an a villen aneren Asätz, an dat alles am déiwe Respekt vun den  individuelle Fräiheeten an de Rechter vum Bierger.
Mam Akraafttriede vun der Policereform, zesumme mat der Reform vun der Generalinspektioun vun der Police an deem neien Disziplinargesetz steet déi nei Police an Zukunft besser do, net zulescht och, well parallel zu de Reformaarbechten déi finanziell Mëttel fir déi bannenzeg Sécherheet an de leschte Jore scho permanent erop goungen an esouvill nei Leit rekrutéiert goufen ewéi nach ni virdrun.
A Sécherheet liewen ass e wesentleche Bestanddeel vun eiser Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg. Eng effikass a modern Police garantéiert déi Sécherheet, am Déngscht vum Bierger! Mat dëser Reform kritt eist Land eng Police, déi den Erausfuerderunge vun der Zukunft gerecht gëtt.

  

Versammlungen mat der Populatioun zum Thema Reform

Fir de Bierger iwwert d’Policereform z’informéieren, invitéiert d’Police op 4 regional Versammlungen, a Präsenz vum Vizepremierminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet Étienne Schneider a vun der  Staatssekretärin fir bannenzeg Sécherheet Francine Closener:

Déi 4 Versammlungen fänken allkéiers um 19.00 Auer un. 

"ENSEMBLE POUR VOUS": notre engagement

(Philippe Schrantz, directeur général de la Police)

Dëse Slogan an eis nei visuell Identitéit sinn op eis Visioun opgebaut. Se sti fir den Engagement dee mer vis-à-vis vum Bierger huelen.

Mir sinn een ëffentlechen Déngschtleeschter, disponibel an opmierksam, transparent a verantwortungsbewosst, prett fir der Gesellschaft Ried an Äntwert ze stoen. Mir engagéieren eis fir déi Pouvoiren, déi d'Gesetz an d'Autoritéiten eis ginn hunn, mat Mooss a Verhältnisméissegkeet anzesetzen.

Eng modern Police ass op fir de Changement a prett fir déi nei gesellschaftlech Defi’en unzegoen, ëmsou méi mer op ee reegelméissegen Personalzouwues, grad ewéi op héich qualitativt Material ziele konnten.

"ZESUMME FIR IECH" ass eng Invitatioun vun der Police un de Bierger fir Kooperatioun an een offenen Dialog.

Déi territorial Reorganisatioun: Präsenz, Disponibilitéit, Proximitéit

Déi regional Reorganisatioun ass am Gaang. Se steet am Zeechen vun der Proximitéit mam Bierger. Aus 6 ginn elo 4 Police Regiounen.

D’Proximitéit resuméiert sech elo net méi eleng op Strukturen oder Funktiounen, mais et ass een "état d’esprit" deen zur Missioun vu jiddwer Polizist gehéiert.

D'Police beréit an hëlleft der Populatioun. Si agéiert präventiv, proaktiv, dissuasiv. Wann et néideg ass da setzen d’Polizisten och hier repressiv Kompetenzen an.

Mat deene neien territoriale Strukturen garantéiert d’Police

  • op 13 Plazen am Land (déi fréier "centres d’intervention") ronderëm d’Auer do ze sinn;
  • tëscht 7.00 an 21.00 Auer während der Woch um Niveau vun deene neie fusionéierten Kommissariater, respektiv de Kommissariats-Communautéiten (déi op 2 Schichte schaffen) besat ze sinn;
  • dem Public e besseren Zougang zu de Kommissariater ze erméiglechen, respektiv all Mënsch d’Méiglechkeet ze ginn fir Rendez-vous mat sengem Beamten ze huelen.

Fir him déi gréisst méiglech Disponibilitéit ze offréieren, proposéiert d’Police doriwwer eraus dem Bierger, bei net urgenten Affären, Rendez-vous mat sengem Polizist ze huelen.

Fir all Noutfäll gëllt den 113 dee ronderëm d’Auer besat ass.

Déi fréier Interventiounszentren a Proximitéitskommissariater, déi elo all ganz einfach als Policekommissariat bezeechent ginn, hunn vun elo un déi selwecht Missiounen.

Déi nei Organisatioun erlaabt et méi Patrullen op den Terrain ze schécken, zu deenen Zäiten wou vill Leit nach ënnerwee sinn, mueres an am fréien Owend. D’Kommissariater kënnen elo hier Ressourcen besser andeelen. Se sinn esou méi flexibel fir sech deene lokale Realitéiten unzepassen.

Den e-Kommissariat: online Plainte a personaliséierte Service

Vun Enn Juli un proposéiert d’Police am Kader vun der administrativer Vereinfachung een neien online Service.

Eisen e-Kommissariat ass iwwer den Internetportal www.police.lu oder iwwer d‘App police.lu ze erreechen. Et kann een elo do online Plainte deposéieren mat engem Luxtrust-Zertifikat deen Iech iwwer MyGuichet.lu mat der Police connectéiert.

Déi elektronesch Plainte ass méiglech fir all Infraktioun ausser fir wou

  • et Hiweiser op en Täter ginn;
  • d'Spuresécherung duerch d’Police technique méiglech ass;
  • et Hiweiser op Gewalt ginn;
  • a fir d’Kategorie vum Spritdéifstall op der Pompel.

D’Méiglechkeeten vun deem neie Service ginn awer iwwer d’Plainte eraus: Dir kënnt eis Saache, déi net onbedéngt zu enger Plainte féieren, notifiéieren, Dir kënnt Objeten mellen déi der verluer oder fonnt huet, Dir kënnt eng Partie Certificaten ufroen, bei der Police Saachen nofroen oder d‘Police informéieren wann der an d’Vakanz fuert.

Police administrative: nei Moyen’en op enger neier legaler Basis

Déi nei Dispositiounen a Saachen police administrative droen dozou bei, dass de Polizist dem Bierger a verschiddene Fäll besser hëllefen kann an zwar an engem legale Kader, dee mam neien Text geschaft gouf.

Ënner d‘police administrative Mesuren falen dräi grouss Kategorien:

  • Präventioun vun Infraktiounen;
  • Protektioun vu Mënsch a Gidder;
  • Sécherung vun der ëffentlecher Uerdnung.

Déi nei legal Mëttelen erlaben et dem Polizist ze intervenéieren ier eng Strofdot stattfënnt.

Konkret kënnen dës Mesuren op Décisioun entweder vum zoustännege Minister oder dem Buergermeeschter, jee nodeem, décidéiert ginn. Dat betrëfft e.a. Identitéitsiwwerpréiwungen, virleefeg Zoumaache vun engem Etablissement, Fouille vun engem Gebai oder engem Gefier, d’Opstelle vun engem Perimeter a nach eng Partie aner administrativen Akten déi an d’Policekompetenz falen.

Dës nei legal Dispositiounen schafen e klore rechtleche Kader an deem de Polizist sécher handele kann. 

Ee Service de Police Judiciaire: national Koordinatioun am Kampf géint d’Kriminalitéit 

Déi néi Organisatioun vun der police judiciaire gesäit een eenzege grousse Service mat engem Mammenhaus an der Haaptstad an dezentraliséierte Servicer an dräi Regiounen am Südweste, dem Norden an dem Zentrum-Osten vir.

Déi fréier sechs regional judiciaire Unitéiten gi mam fréieren Service de Police Judiciaire regroupéiert fir esou de Kampf géint d’Delinquenz méi koordinéiert unzegoen. Dat ass eng Viraussetzung fir méi effikass kënnen ze enquêtéieren ouni déi regional Kriminalitéitsphänomener ze vernoléissegen.

Déi nei Organisatioun vereinfacht och d’Zesummenaarbecht mat de Kommissariater.

Et gëtt vun elo un ee neie, vun der Police an der Justizautoritéit paritéitesch besaten Begleetcomité, ënnert dem Virsëtz vum Procureur Général, deen déi delinquent Phänomener analyséiert a Prioritéiten an den Enquêten setzt.

Aktualiséiert