Den éischte Pensiounsdag bei der Police

Den 22.11.2022 huet an der Policeschoul deen éischte Pensiounsdag bei der Police stattfonnt. 35 Leit haten sech ageschriwwen an hunn do an engem Exposé vun zwee Pensiounscoachen d'Héichten an Déifte vun der Pensioun beschriwwe kritt.

Hei sinn déi verschiddenst Theme vun der Pensioun ugeschwat ginn, esou, dass fir jiddereen eppes dobäi war. Dat och fir déi, déi scho genee wësse wat si an der Pensioun wëlle maachen.

Op enger Mini-Foire konnten d'Leit sech iwwer verschidde Méiglechkeeten zum Sujet Benevolat & Fräizäitgestaltung informéieren, dat ë.a. iwwer Sommelier-Coursen, Concerten, Sportscourse 55+, bis hin zu Wine-trekking, fräiwëllegen Ambulanz-Chauffeuren, Seniorensecherheetsberooder asw.

Duerno ass et mam Camille Diener duerch d'Stad gaangen. Dobäi huet hien déi zukünftege Pensionnairë mat op en Tour duerch d'Policegeschicht an der Stad geholl an erkläert wei fréier e Sëtzstreik um Dach vum Prisong op en Enn koum, wei de Kach vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie dem Himmler geäntwert huet an dass déi lescht Hiriichtung déi zu Lëtzebuerg stattfonnt huet net vun der Arméi duerchgefouert ginn ass.

Aktualiséiert