Ausstellung "Police fréier, haut, muer" an der Belle-Etoile

Säit dem 29.04.2025 an nach bis den 10.05.2025 fënnt am Kader vum 15. Anniversaire vum Policemusée an dem 25. Anniversaire vun der aktueller Police am Cactus Belle-Etoile d’Ausstellung "Police fréier, haut, muer" statt.

Follgend Gefierer sinn am neien Deel vun der Belle-Etoile ausgestallt:

  1. E Skoda Kodiaq an eeBMW-Motorrad R1250RT am aktuellen Design.
  2. E VW Käfer, deen ab 1971 als Véhiculed’intervention um Kommissariat an der Stad Lëtzebuerg benotzt gouf.
  3. E BMW 330 dee säit 2011 vun der deemoleger UCPR benotzt gouf, am fréierenDesign vun der Police grand-ducale.
  4. E BMW-Moto R1150RT dee vun 2003 – 2022 beimUCPR/UPR a Betrib wor,am Design vun 2018.
  5. E Moto vun der Mark Honda deen ab 1973 beider Verkéierspolice benotzt gouf.
  6. E Cyclomoteur(50ccm) vun der Marque Peugeot, de vun 1982-1994 beim Kommissariat Miersch amAsaz war.

 

Um Stand, wou d’Membere vun der Musée asbl de Visiteure vu Moies 10.00 bis Owes 18.00 Auer Riet an Äntwert stinn, ginn och Uniformen/Tenue vu fréier an haut ausgestallt, souwéi diverst aktuellt an ausgemustert Policematerial.

De Vernissage vun der Ausstellung huet den Dënschdeg 29. Abrëll a Präsenz vum Directeur général adjoint Alain ENGELHARDT, dem President vun der Musée asbl Camille DIENER souwéi dem Direkter vun der Belle-Etoile Manu KONSBRUCK, de Memberen vun der asbl a weideren Invitéë stattfonnt.

Den Alain ENGELHARDT huet heibäi den Engagement vun de Membere vun der Musée asbl allgemeng, mee och besonnesch am Kader vun der Organisatioun vun dëser Expositioun ënnerstrach.

Am Kader vun der Expositioun ass och de Service national de la prévention den 29. & 30. Abrëll an den 8. Mee an der Belle-Etoile vertrueden, fir ënner anerem iwwer Abrochpreventioun ze informéieren.

De 5. & 6. Mee ass de Service „Support aérien“ vun der Police an der Belle-Etoile, fir virun allem iwwert d’Dronekapazitéite vun der Police ze informéieren.

Informatiounen iwwert de Rekrutement bei der Police kritt een de 5. Mee vun 12.00 bis 18.00 Auer.

No der Expo an der Belle-Etoile gëtt déi ganz Ausstellung an de Policemusée op Capellen bruecht, wou se bis Januar 2026 ze gesinn ass.

Weider Informatiounen um Site vum Policemusée: www.policemusee.lu.

 

Dernière mise à jour