Berdorfer Laf 2018

Samschdes, de 26. Mee 2018, ass um 18h00 de Startschoss vir déi mëttlerweil 11. Editioun vum Berdorfer Laf zu Berdorf beim Centre Maartbësch gefall.

Iwwert eng Distanz vun 10 Kilometer hunn 8 Membere vum Police-Lafclub un dëser Course deelgeholl. Insgesamt sinn 264 Leefer un de Start vun dësem Traditiouns-Laf gaangen.

Un dëser Platz wëlle mir och e klengt Wuert un de Guy ARENS riichten, dee säit dem Joer 2015 en treie Member vun eisem Lafclub war an eng sëllech Course fir d’Police gelaf ass. Dës Editioun vum Berdorfer Laf wäert dem Guy mat Sécherheet a gudder Erënnerung bleiwen, well et war säi Laf an d’Pensioun.
Mir wënschen dem Guy alles Guddes fir d’Zukunft an hoffen, dass mir hien nach oft op deem engen oder anere Laf begéine wäerten.

Resultater vun onsere Leefer

Numm / Virnumm Netto-Zäit Kl. Police Klassement
Joëlle Hommel 00:45:31 1 27
Didier Loos 00:47:32 2 45
Yves Engel  00:47:42  47 
Alessia Merten  00:47:50  51 
Tom Sauber  00:48:48  60 
Guy Arens  00:49:46  75 
Léon Ludovicy  00:49:59  80 
Sandra Wagner  00:53:50  116 

 

De Lafclub felicitéiert senge Membere fir hir perséinlech Leeschtung.

Aktualiséiert