DPM Crosslauf 2020 in Perl

Den 08ten Februar 2020 hunn sech zu Perl (D), déi däitsch Polizei-Meeschterschaften am Crosslaf ofgehalen. Dës Course zielt als Qualifikatioun fir déi 16.USPE Meeschterschaften am Crosscountry, déi vum 06ten bis den 09ten Oktober 2020 zu Minsk an Wäissrussland sollen stattfannen. Op Invitatioun hin vum „Landespolizeipräsidium Saarland“ huet eng Delegatioun vun Leefer vum Lafclub Police Grand-Ducale bei dësem Cross un den Leef iwwer ënnerschiddlech Distanzen deelgeholl.

D’Representatioun vun der Police Lëtzebuerg duerch den Lafclub gouf vun eisen däitschen Kollegen begréisst. Leider hun d’Kollegen aus der Lorraine (F) an aus der Wallonie (B) net um Championnat deel geholl sou dass dësen sech ënnert den Länner Rheinland-Pfalz, Saarland an Lëtzebuerg ofgehalen gouf.

Betreffend d’Klassementer, gouf eng separat Policewertung vun den verschiddenen Länner aus der Groussregioun gefouert. An dëser Wäertung hunn d’Leefer vum Lafclub perséinlech gutt Resultater bruecht an konnten sech deementspriechend klasséieren. 

Aktualiséiert