30. Policechampionnat iwwer 10km

Den 1. Abrëll 2024 war et rëm sou wäit: de Lafclub vun der Police huet, zesumme mat der Generaldirektioun, um Ouschterméindeg, op déi traditionell Stroosse Course iwwert d’Distanz vun 10 Kilometer agelueden.

Déi mëttlerweil 46. Editioun vum Ouschterlaf, an déi och de nationale Policechampionnat iwwer 10km integréiert ass, konnt un de grousse Succès vun de Jore virdrun uknëppen. D’Wiederkonditioune waren dëst Joër net ganz esou gutt ewéi soss, an awer stoung enger flotter Course näischt am Wee.

Ganzer 606 Leefer a Leeferinne ware beim Organisateur, dem CAE Grevenmacher, fir den 10km Laf ugemellt.

Insgesamt waren an eisem Championnat 20 Membere vum Lafclub vun der Police, 13 Memberen der Douane, 39 Leit vun der Arméi, 4 Leefer vun der Polizei Saarland, 10 Leefer vum PP Trier a 6 Leit vum European Public Prosecutor‘s Office (EPPO) ageschriwwen.

Bei den Damme goung déi éischt Plaz am Police-Championnat un eis däitsch Kolleegin aus dem Saarland Franziska SCHMITTBERGEN, mat enger Zäit vun 00:44:37. D’Mandy FAUTSCH vum A.S. Douanes konnt sech an enger Zäit vun 00:46:18 déi 2. Platz sécheren. D’Brigitte STEFFEN vun der Police koum mat enger Zäit vun 00:47:00 op déi 3. Plaz.

Bei den Häre war déi éischt Plaz fir de Giovanni BIVONA vum EPPO, dëst an enger Zäit vun 00:36:42. Den Thierry DONDLINGER vun der Arméi, koum an enger Zäit vun 00:36:56 op déi 2. Plaz. Drëtte bei den Häre gouf den Thierry MAJERUS, och vun der Arméi, an enger Zäit vun 00:38:43.

Bei der Equippewäertung konnt d’Equipe vun der Arméi déi 1. Plaz, d’Equipe vun der Police Lëtzebuerg (JAEGER-KIEFFER-RABINGER) déi 2. Plaz an d’Equipe vum EPPO déi 3. Plaz beleeën.

Déi komplett Resultater fënnt een op www.chiplauf.de an als PDF ënnert dsem Artikel.

No der Course waren d ‘Leeferinnen an d ‘Leefer vum Police-Champio¨nnat  fir enge klenge Feier mat Präisverdeelung invitéiert, dëst an de Gebailechkeete vum Kommissariat Museldall.

E grousse Merci un dëser Platz un d‘Generaldirektioun vun der Police, un d’Regionaldirektioun vu Gréiwemaacher, un den SALT,  un den CAEG  an un all eis Leeferinnen a Leefer, sou wéi och un d‘Benevollen, déi eis eng Hand mat ugepaakt hunn.

Dernière mise à jour