Nei Trikot'en fir de Lafclub vun der Police

Déi aktuell Laf-Tenue vun der Police ass an d’Jore komm, sou dass decidéiert gouf, dës ze erneieren. No insgesamt 17 Joer ‘Déngscht’ ass dee schwaarze Laf-Trikot duerch e modernen, rout-wäiss-bloen Modell ersat ginn, deen am Aklang mam neie Logo vun der Police steet an duerch seng Visualitéit vir méi Sécherheet suergt.

Den 1. offiziellen Optrëtt wäerten déi T-Shirt’en Enn Oktober 2018 hunn, an zwar um USPE Marathon zu Dublin.

Den éischten Deel vun der Commande ass agetraff a gëtt op deene nächste Coursen un eis aktiv Memberen verdeelt, den zweeten Deel gëtt fir den Ufank vum nächste Joer erwaart, sou dass eis Memberen fir déi éischt Stroosse-Course vun der neier Saison, de Postlaf, mat der neier Tenue un de Start wäerte goen.

Un dëser Platz e grousse Merci un all déijéineg, déi zu der Konzeptioun vun dësem neien Trikot bäigedroen hunn.

De Comité vum Lafclub

Aktualiséiert