D’Gesetz iwwer déi nei reforméiert Police ass a Kraaft

Haaptpunkte vun der Reform an déi nei Strukturen an Prozeduren
  • Strategie a Performance drécken der neier Police hire Stempel op. De strategesche Gedanken, d’Modulariséirung, d’Qualitéitskontroll an de Project Planning sinn d’Basis vun der neier Gestioun an dem neie Fonctionnement. Den Alain Engelhardt ass de neien Directeur central stratégie et performance.
  • An de vergaangene 4 Joer ass d‘Police massiv gewuess esouwuel personalméisseg wéi och um Niveau vun der Logistik an deene finanzielle Ressourcen. Fir dat Réckkräiz, dat am Déngscht vun der uniforméierter Police an der police judicaire steet, optimal ze geréieren, geet d’Police elo nei, méi modern Wee’er. Formatioun, Personal, Logistik a Finanzen gi vum Directeur central des ressources et compétences, dem René Lindenlaub dirigéiert. Ass et interessant fir bei d’Police schaffen ze kommen ?
  • D’Kriminalpolice ass vun elo als eenheetlech national Struktur opgestallt. Aus Siwe maach Een – déi fréier regional Unitéiten an de fréieren SPJ goufen zu engem Ganzen zesummegeféiert.
  • D’Police huet sech territorial nei organiséiert, d’Kommissariater schaffen anescht an et gëtt och elo eng Méiglechkeet fir online bei der Police Plainte ze féieren. Doriwwer eraus huet de Legislateur der Police awer och nei Kompetenzen um Niveau vun der sougenannter police administrative ginn. All dës Aspekter falen an de Kompetenzberäich vum neien Directeur central police administrative, Pascal Peters. 
  • De Generaldirekter Philippe Schrantz erkläert wat et mat der Visioun a mam neie Motto vun der Police op sech huet – et ass definitiv eng nei Approche.
  • Statement vum Vize Premierminister a Minister fir déi bannenzeg Sécherheet Étienne Schneider an der Staatssekretärin fir bannenzeg Sécherheet Francine Closener.

Aktualiséiert