5. Leopard UTML Ultratrail Mëllerdall

Samschdes, den 11. September 2021, sinn di éischt Coureuren vum Ultra-Trail um 00:00 Auer op de Parcours geschéckt ginn, dat op der Maartplaz zu Iechternach. Fir d’Participanten vum Long-Trail ass de Startschoss um 05:00 Auer gefall, fir all di aner Leefer war den Depart e puer Stonne méi spéit.  

De Streckeverlaf huet och dëst Joer erëm duerch Bierg an Dall vun der ‚klenger Lëtzebuerger Schwäiz‘ gefouert. De Leefer stoungen heibäi 4 Distanzen zur Auswiel, déi jeeweils iwwer 15 (Shorty-Trail), 39 (Trail), 75 (Long-Trail) oder awer 112 Kilometer (Ultra-Trail) gefouert hunn.

5 Leefer aus dem Lafclub Police Grand-Ducale hu sech dëser Erausfuerderung gestallt a konnten op ënnerschiddlechen Distanzen folgend Resultater erzielen:

Long-Trail (75 Km):

Klassement: (95 Finisher)

Numm:

Virnumm:

Zäit:

Gesamt: 39. / F: 1.

STEINMETZ

Caroline

10:00:09

Trail (39 Km):

Klassement: (220 Finisher)

Numm:

Virnumm:

Zäit:

30.

MARSON

Yves

04:18:00

47.

SAUBER

Tom

04:33:22

Shorty-Trail (15 Km):

Klassement: (139 Finisher)

Numm:

Virnumm:

Zäit:

56.

GLODEN

Patrick

01:37:42

 

Besonnesch ervirzehiewen bei dësem Event war d’Leeschtung vum Caroline STEINMETZ, wat déi 1. Platz bei de Frae konnt fir sech entscheeden. Him e ganz groussen ‚thumbs up‘ dofir.

Den BIEWESCH Marc huet bei Km 45 verletzungsbedéngt missen ophalen. Un dëser Platz wënsche mir him eng gutt Besserung.

De Lafclub felicitéiert senge Membere fir hir perséinlech Leeschtung.

Zum letzten Mal aktualisiert am