47. Editioun vum Ouschterlaf & Policechampionnat

Den 21. Abrëll 2025 war et rëm sou wäit: de Lafclub vun der Police huet, zesumme mat der Generaldirektioun, um Ouschterméindeg op dat internationalt Policechampionnat, déi traditionell Stroosse Course iwwert d’Distanz vun 10 Kilometer, agelueden.

Déi mëttlerweil 47. Editioun vum Ouschterlaf, an déi och de nationale Policechampionnat iwwer 10km integréiert ass, konnt un de grousse Succès vun de Jore virdrun uknäppen. D’Wiederkonditiounen waren dëst Joer net ganz esou gutt ewéi soss, an awer stoung enger flotter Course näischt am Wee.

Ganzer 619 Leefer a Leeferinnen ware beim Organisateur, dem CAE Grevenmacher, fir den 10 km Laf ugemellt.

Insgesamt waren an eisem 31. Police Championnat 19 Membere vum Lafclub vun der Police, 27 Memberen der Douane, 49 Leit vun der Arméi, 6 Leefer vun der Polizei Saarland, 10 Leefer der Police RLP, 6 Leit vum European Public Prosecutor‘s Office (EPPO) an 28 Fonctionnaires Stagiaires aus de Policeschoul ageschriwwen.

Bei den Dammen goung déi éischt Plaz am Police-Championat un d’Lena KIEFFER vun der Arméi, mat enger Zäit vun 00:37:47. D’Lena huet den Exploit färdeg bruecht, als éischt Damm vum Ouschterlaf iwert Ziellinn ze lafen. D’Stéphanie PELLER vun der Police konnt sech an enger Zäit vun 00:43:13 déi 2. Platz sécheren. D’Franziska SCHMITTBERGER  vun der Police Saarland koum mat enger Zäit vun 00:43:57 op déi 3. Plaz.

Bei den Hären war déi éischt Plaz fir den Marc SCHUMACHER vun der Police aus dem Saarland, dëst an enger Zäit vun 00:34:34. Den Toni VEIGAS MARTINS vun der Douane koum an enger Zäit vun 00:34:45 op déi 2. Plaz. Drëtten bei den Hären gouf den Yves SCHAACK vun der Arméi, an enger Zäit vun 00:35:24.

Bei der Equippewäertung konnt d’Equipe vun der AS Douanes déi 1. Plaz an enger Zäit vun 1:50:11, d’Equipe vun der Arméi déi 2. Plaz an enger Zäit vun 01:52:24 an d’Equipe vun der Polizei Saarland déi 3. Plaz an enger Zäit vun 01:56:06 beleeën.

Déi komplett Resultater fënnt een op www.chiplauf.de

No der Course waren d ‘Leeferinnen an d ‘Leefer vum Police-Championat fir en klenge Patt mat Präisiwerreechung invitéiert, dëst an de Gebailechkeete vum Commissariat Museldall. D’Praiser goufen dëst Joër vun eisem Directeur Général adjoint, dem Här Alain ENGELHARDT iwereecht.

E grousse Merci un dëser Platz un d‘Generaldirektioun vun der Police, un d’Regionaldirektioun vun Grevenmacher, un den SALT, un den CAEG an un all eis Leeferinnen a Leefer, sou wéi och un d‘Benevollen, déi eis eng Hand mat ugepaakt hunn.

De Comité vum Lafclub

Dernière mise à jour