Den 6. Abrëll 2026 war et rëm sou wäit: de Lafclub vun der Police huet, zesumme mat der Generaldirektioun, um Ouschterméindeg, op déi traditionell Stroosse Course iwwert d’Distanz vun 10 Kilometer agelueden.
Déi mëttlerweil 48. Editioun vum Ouschterlaf, an déi och den 32ten nationale Police Championnat iwwer 10km integréiert war, konnt un de grousse Succès vun de Jore virdrun uknäppen. D’Wiederkonditiounen waren dëst Joer exzellent an et stoung enger flotter Course näischt am Wee.
Ganzer 601 Leefer a Leeferinnen ware beim Organisateur, dem CAEG, fir den 10km Laf ugemellt.
Insgesamt waren an eisem Championnat 21 Membere vum Lafclub vun der Police, 32 Memberen vun der Douane, 9 Leit vun der Arméi, 7 Leefer vun der Polizei Saarland, 6 Leefer vum Polizei Präsidium Trier, 1 franséischen Gendaarm an 7 Leit vum European Public Prosecutor‘s Office (EPPO) ageschriwwen.
Bei den Dammen goung déi éischt Plaz am Police-Championnat, sou wéi d’lescht Joer, un d’Lena KIEFFER vun der Arméi, mat enger Zäit vun 00:38:57. D’Franziska SCHMITTBERGER vun der Polizei Saarland konnt sech an enger Zäit vun 00:43:17 déi 2. Platz sécheren. D’Stéphanie PELLER vun der Police koum mat enger Zäit vun 00:43:21 op déi 3. Plaz.
Bei den Hären war déi éischt Plaz fir den Mike KERSCHEN vun der Police, dëst an enger Zäit vun 00:34:59. Den Jimmy TURCHI vun der Arméi, koum an enger Zäit vun 00:35:50 op déi 2. Plaz. Drëtten bei den Hären gouf den Toni VEIGAS, vun der Douane, an enger Zäit vun 00:36:12.
Bei der Equippewäertung konnt d’Equipe vun der Police (KERSCHEN – JODOCY – JAEGER) déi 1. Plaz fir sech entscheeden, dëst virun der Equipe vun der DOUANE (VEIGAS – STUCCHI - VERLAINE) an der Equipe vun der Arméi (TURCHI – KIEFFER – HERMES).
Déi komplett Resultater fënnt een op www.chiplauf.de .
No der Course waren d ‘Leeferinnen an d ‘Leefer vum Police-Championnat fir eng kleng Feier mat Präisverdeelung invitéiert, dëst an de Gebailechkeete vum Commissariat Museldall.
Präisser goufen iwwerreecht an Präsenz vum Här Francis LUTGEN, Directeur central (DCRC).
E grousse Merci un dëser Platz un d‘Generaldirektioun vun der Police, besonnesch un den Service DRH-Sport, d’Regionaldirektioun vun Grevenmacher, un den SALT, un den CAEG an un all eis Leeferinnen a Leefer, sou wéi och un d‘Benevollen, déi eis eng Hand mat ugepaakt hunn.
De Comité vun der Laflclub Police asbl