Alkohol um Steier an Konsequenzen

D’Verkéierssécherheet stellt während dem ganze Joer eng Prioritéit fir d’Police duer. An deem Kader si permanent präventiv a repressiv Kontrolle virgesinn.

Ziel heivunner ass et, fir Verkéiersaccidenter ze evitéieren an d’Sécherheet op de Stroossen ze verbesseren.

Den Alkoholafloss hannert dem Steier soll net negligéiert ginn an et sollt een ëmmer d’Konsequenzen dovunner am Hannerkapp behalen. Mir hunn dëst Thema mat Experten aus verschiddene Beräicher beliicht.D’Police enregistréiert all Joer eng 1.000 Accidenter mat Kierperschued.

Bei all 5. Accident ass Alkohol am Spill!

Mir hu mam André Schaack, dem Responsabel vum Service national de circulation et de sécurité routières vun der Police, geschwat a wollten ënner anerem wëssen, wat d’Police ënnerhëlt fir der héijer Zuel un Accidenter entgéint ze wierken.

Et ass erwisen, dass eng erhéichte Policepräsenz op der Strooss d’Zuel vun den Accidenter dréckt.

Dass d’Fueren ënnert Alkoholafloss vu ville Chaufferen negligéiert gëtt, beweisen des Statistiken:

All Dag kréie statistesch gesi 5 Leit de Führerschäin ofgeholl, 80% dovunner wéinst Fueren ënnert Alkoholafloss.

Nieft der präventiver Aarbecht spillt och dee repressive Volet eng grouss Roll. Heirënner falen zum Beispill déi allgemeng Verkéierskontrollen, Geschwindegkeetsmiessungen awer och d’Alkoholkontrollen, déi  vum Parquet ordonnéiert ginn.

Mir wollte vum Laurent Lentz, Chef vun der Verkéierspolice, wëssen, wéi den Oflaf ass wann eng Persoun an eng ordonnéiert Alkoholkontroll fiert.

Bei enger ordonnéierter Kontroll muss all Chauffer en Alkoholtest, de sougenannten Ethylotest, duerchféieren, och wa keng Unzeeche vun Alkoholafloss virleien.

Fir verschidde Kategorië vu Chaufferen ass den zoulässege Grenzwäert vum Alkoholgehalt méi niddereg.

Catalogue des pénalisations en matière d'alcool au volant

Taux d'alcool   Amende Procés-verbal Prison Retrait points Retrait immédiat permis 
en mg/l (air expiré) en ‰            
< 0,25 < 0,5            
0,25 < 0,35 0,5 < 0,8 145 €     2 6  
 0,35 < 0,55  0,8 < 1,2  jusqu'à 500 €  Oui   4 6  
  ≥ 0,55  ≥ 1,2  500 à 10.000 €  Oui  8 jours à 3 ans      Oui

Dëst gëllt zum Beispill fir Beruffschaufferen déi e Camion, Taxi oder Bus manövréieren. Et ass dëse Chaufferen och ënnersot fir während dem Déngscht, respektiv de Pausen Alkohol ze drénken. Heirënner falen awer och déi Chaufferen, déi sech zum Beispill an der Stagezäit befannen, oder och de Bäifuerer vun enger ‘conduite accompagnée’. Bei engem Accident mat Kierperschued muss all Bedeelegten en Alkoholtest duerchféieren.

Strofrechtlech Konsequenzen

Wat fir eng strofrechtlech Konsequenzen d’Fueren ënnert Alkoholafloss huet an a wat fir  Fäll den Auto saiséiert ka ginn, wollte mir vum Henri Eippers, Pressespriecher vun der Justiz, wëssen.

Wa bei enger Kontroll e Chauffer en Alkoholgehalt vun iwwer 0,55 mg/l (1,2‰) huet, da stellt dat en Delikt duer, dee reng theoretesch mat enger Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 3 Joer a mat enger Geldstrof bestrooft ka ginn. De Führerschäin gëtt provisoresch vun der Police op der Plaz agezunn, mee bei enger Geriichtsséance kann e Fuerverbuet vun 3 Méint bis maximal 15 Joer an eng zousätzlech Geldstrof ausgeschwat ginn.

Wann eng Persoun an der “Récidive” ass, dat heescht fir di widderhuelte Kéier ënnert Alkoholafloss den Auto gesteiert huet oder sech am Fuerverbuet befënnt, ka vum Geriicht eng Saisie vum Auto gesprach ginn. Déi Persoun huet dann net nëmmen de Führerschäin mee och hiren Auto verluer.

An de leschte Joren ass et awer och scho virkomm, dass d’Geriicht ugeuerdnet huet eng Persoun opgrond vun den Ëmstänn festzehuelen.

Sou zum Beispill de 15. Dezember 2018 wou eng Persoun ugehale gouf, déi kee Führerschäin mee e Fuerverbuet bis d’Joer 2025 hat. Den Auto, deen net verséchert war, gouf op Unuerdnung vum Parquet saiséiert a de Mann gouf festgeholl.

Accident ënnert Alkoholafloss - Assurance

Ass et ënnert Alkoholafloss zu engem Accident mat Kierperschued komm, dann huet et net nëmmen eng Inzidenz op d’Geriichtsuerteel mee och um Niveau vun der Assurance kann dat Konsequenzen mat sech bréngen. 

Mir hunn eis vum Här Paul-Charles Origer, Direkter vun der ACA, erkläre gelooss wéini eng Assurance Recours kann huelen.

Am Fall wou eng Persoun en Accident verursaacht an d’Police feststellt, dass de Chauffer de gesetzlechen Taux vum Alkohol iwwerschratt huet, da kënnt den Assureur am Kader vun der Kasko-Versécherung net fir den entstaanene Schued um eegenen Auto op. Bei der Haftflicht huet den Assureur zudeem d’Méiglechkeet Recours ze huelen. Dee Recours ass vum Gesetz hier awer op eng Zomm vun 3.000€ limitéiert. Wichteg ze soen ass och, dass et eng Strofdot duerstellt wann een der Assurance falsch Informatioune matdeelt. Unhand vun der Kopie vum Protokoll vun der Police kënne si déi verschidden Informatioune matenee vergläichen.

Wat vill Leit net wëssen: Och als Bäifuerer kann ee belaangt ginn, wann ee wëssentlech eng alkoholiséiert Persoun fuere léisst.

Afloss vun Alkohol op de Kierper

Wat sinn iwwerhaapt d’Unzeeche vun enger alkoholiséierter Persoun a wat genee geschitt am Kierper wann een Alkohol drénkt?

Dës an aner Froen hu mir dem  Dr. Michel Yegles, Responsabel vum Service Toxico-Médico-Légale vum Laboratoire National de Santé, gefrot.

Audio >>> Dr. Michel Yegles

“Scho bei 0,2 Gramm Alkohol pro Liter Blutt fillt een sech scho méi euphoresch an et ass ee bereet méi riskant ze fueren”, huet den Dr. Yegles erkläert. Dëst stellt e Risiko am Verkéier duer, well eng Partie Leit an engem alkoholiséierten Zoustand eng falsch Selbstaschätzung hunn.

  • All Kierper reagéiert aneschters op déi selwecht Quantitéit un Alkohol. De Kierperbau, d’Dagesform a wat ee giess huet spillen eng Roll.
  • Bei Jugendleche gëtt den Alkohol an der Liewer méi lues ofgebaut wéi bei engem Erwuessenen. An der Reegel kann ee soen, dass de Kierper 0,15 Gramm Alkohol pro Liter/pro Stonn ofbaut.

Fir den Alkoholgehalt vun enger kontrolléierter Persoun ze moossen, féiert d’Police en Otemlofttest (Ethylotest) duerch. De Laboratoire National de Santé huet d’Méiglechkeet dëse Wäert unhand vun enger Bluttprouf oder souguer enger Hoerprouf ze bestëmmen. Eng Bluttprouf gëtt zum Beispill geholl, wann e Chauffer en Alkoholtest refuséiert, net duerchféiere kann oder d’Resultat vum Ethylotest unzweiwelt an eng Géigeprouw fuerdert. Eng Hoerprouf gëtt vum LNS awer just op Requisitioun vum Transportministère duerchgefouert. D’Resultater vun dëse Prouwe kënnen och eng Inzidenz op de Führerschäinbesëtz hunn.

Sécurité Routière

Fir et net souwäit kommen ze loossen, gëtt, och vu Säite vun der Sécurité Routière, ugeroden, dass de Chauffer vum Owend näischt drénke soll. D’Sécurité Routière huet fir d'Fuescampagne 2019 nei Visueller vun de sougenannte boissons animés verëffentlecht.

Wat den Haaptmessage vun dëser Campagne ass a wéi et dozou komm ass erkläert eis d’Direktesch vun der Sécurité Routière, d’Madame Isabelle Medinger.

Ee vun dräi déidlechen Accidenter ass op Alkoholafloss zréckzeféieren; ëmsou méi wichteg ass et fir d’Leit ze sensibiliséieren a präventiv Aarbecht ze leeschten.

"De Raoul ka jidderee sinn", sou d’Isabelle Medinger.

Nieft den Affichen déi laanscht de Stroossen an op der Autobunn ze gesi sinn, ginn och Clippen an de Kinoen a Radiospotten ausgestraalt fir ëmmer erëm drop hinzeweisen, dass deen dee fiert näischt drénke soll.

Plangt een awer op e Fuesbal ze goen a well eppes drénken, da recommandéiert d’Sécurité Routière op eng aner Transportméiglechkeet zréckzegräifen.

Ëmmer méi Organisateure vu Baler a Soiréeë bidden Navetten un. Den Taxi, Transportservicer oder Busser déi vun de Gemengen an dem Ministère organiséiert ginn, bidden eng Alternativ fir nees sécher doheem unzekommen.

Aktualiséiert