Froen an Äntwerten zum Verhalen am Stroosseverkéier


Autospabeieren

Wat fir eng Pabeiere muss een als Chauffer vun engem Gefier dat zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ass bei enger Kontroll virweise kënnen?
  • E gültege Führerschäin oder e valabele "Certificat d’apprentissage"
  • E "Carnet de Stage" fir d’Chaufferen déi sech mat engem Führerschäi vun der Kategorie A2, A oder B am Stage befannen
  • D’Partie I vum "Certificat d’immatriculation"
  • Fir all Gefier dat ab dem Februar 2016 immatrikuléiert ass muss zousätzlech de "Certificat de conformité européen" virgewise ginn. Dëst kann och eng Kopie sinn, déi awer da vun der SNCA als "Copie conforme" muss zertifiéiert sinn.
  • Eng gülteg Assurance
  • Eng gülteg Steiervignette
  • E gültegen Zertifikat vun der technescher Kontroll, wann dat Gefier enger technescher Kontroll ënnerläit. Verschidde Gefierer brauche bis 4 Joer keen esou ee Certificat.
  • Verschidde Gefierer si vun der technescher Kontroll ausgeholl, wéi zum Beispill verschidde Remorquen oder historesch Gefierer. Déi brauchen awer dann eng "Vignette de conformité".

Ausser der zertifiéierter Kopie betreffend  de "Certificat de conformité" sinn all d’Dokumenter am Original mat ze féieren. Kopien oder Fotoe vum Dokument um Handy ginn net acceptéiert.

Wat geschitt wann ee bei enger Kontroll eent vun de gefuerderten Dokumenter net virweise kann, obwuel een am Besëtz dovunner ass?

Wann een e gefuerdert Dokument net virweise kann, gëtt vun der Police en “Avertissement taxé” vu 24€ ausgestallt.

Am Fall wou d'Police en Dokument, wéi zum Beispill d'Assurance, net an enger Datebank iwwerpréiwe kann, riskéiert de Chauffeur beim Verdacht op eng "Non-assurance", dass den Auto op der Platz immobiliséiert gëtt.

Wat geschitt wann ee bei enger Kontroll eent vun de gefuerderten Dokumenter net virweise kann, well een net am Besëtz dovunner ass?

Sollt ee kee gültege Führerschäi méi hunn well dësen zum Beispill ofgelaf ass oder e Fuerverbuet besteet da gëtt de Chauffer net méi weiderfuere gelooss an et gëtt e Protokoll geschriwwen deen un d’Geriicht weidergeleet gëtt.  

Des Weidere kann dat entspriechend Gefier op Unuerdnung vum Parquet saiséiert ginn.

Wat geschitt wann d’Police en Auto/Moto kontrolléiert deen/dat net verséchert ass?

Eng "Non-assurance" ass als Delikt klasséiert bei deem d'Police e Protokoll un d'Geriicht schreift. De concernéierte Chauffer riskéiert eng Geldstrof an/oder eng Prisongsstrof souwéi e Fuerverbuet. Zousätzlech kann dat Gefier op Unuerdnung vum Parquet saiséiert ginn.


Vitesse

Ab wéi enger Vitesse verléiert ee säi Fürerschäin?

Am Fall wou déi maximal erlaabte Vitess ëm méi wéi 50% iwwerschratt gouf an déi gemoosse Vitess op d’mannst 40 km/h iwwert dem Maximum louch gëtt e provisorescht Fuerverbuet op der Plaz ausgeschwat, dat heescht de Fürerschäi gëtt direkt vun der Police agezunn. 

A wat fir enge Fäll en Avertissement ausgestallt gëtt oder e Protokoll geschriwwe gëtt kënnt Dir op dëser Säit noliesen >>>:

 

Wat fir eng Vitess dierf ee mat engem Auto fueren deen eng Remorque no sech zitt?

Op der Landstrooss, respektiv ausserhalb vun enger Uertschaft ass eng Maximalgeschwindegkeet vu 75 km/h erlaabt. Op der Autobunn ass et just erlaabt mat 90 km/h ze fueren.

Wéi vill fix Radare sinn zu Lëtzebuerg opgestallt?

Aktuell sinn uechtert d’Land eng 25 fix Radaren opgestallt. Wou dës Radare sti fannt Dir an eiser App an op dëser Säit >>>:

Sämtlech Informatiounen iwwert déi fix Radare fannt Dir ënnert dësem Link >>>:

Wat ass d’Zil vun engem Speedmarathon an den deegleche Radarkontrollen déi am Virfeld ugekënnegt ginn?

De Speedmarathon an déi deeglech Radarkontrolle sollen d’Fuerer op d’Vitess, an déi domat verbonne Verkéiersrisike sensibiliséieren.

D’Vitess ass nach ëmmer eng vun den heefegsten Ursaache vu schwéieren Accidenter.

D‘Ukënnege vun esou Operatiounen ass e feste Bestanddeel vun der Verkéierspreventioun. Natierlech gëtt net all eenzel Kontroll am Virfeld matgedeelt, och net beim Speedmarathon.

Wat geschitt mat de Suen déi am Kader vun engem "Avertissement taxé" vun der Police agezu ginn?

D‘Sue bleiwen net bei der Police, mee ginn un den Enregistrement iwwerwisen. 


Accidenter a weider Informatiounen

Wéini muss een eng Rettungsgaass bilden?

Bei den éischten Unzeechen, dass de Verkéier ofgebremst gëtt a méi lues oder guer net méi fléisst, muss eng Rettungsgaass gebilt ginn. 

Sief et op der Autobunn, op der Landstrooss oder an engem Duerf. 

Et soll de Rettungsdéngschter zu all Moment méiglech sinn esou séier wéi méiglech op d’Plaz vum Accident ze komme well all Minutt an esou engem Fall zielt. 

E Video deen illustréiert, wéi ee virgoe soll fannt Dir ënnert dësem Link >>>:

Fir wéi eng Gefierer muss eng Rettungsgaass gemaach ginn?

Eng Rettungsgaass muss och fir verschidden aner Gefierer, déi net zu de Rettungsdéngschter gehéiere, gebilt ginn. Dozou gehéieren z.B. Depanneusen, Gefierer déi d’Fuerbunn propper maachen oder soss degagéiere mussen oder Gefierer déi den Accident signaliséiere mussen.

Wéi soll een am Fall vun engem Accident virgoen?
  • Dat Wichtegst: Denkt als éischt un d’Eegesécherung. Stellt Ären Auto esou of, dass e keng Gefor duerstellt. 
  • Déi 4 Winkere vum Auto aschalten an d’Warnvest undoen.
  • Ofséchere vun der Plaz vum Accident mat Hëllef vum Warndräieck.
  • De Persounen an enger Noutsituatioun direkt hëllefen, dëst zum Beispill wann en Auto brennt. Bedenkt, dass een sech strofbar mécht, wann ee Persounen an Noutsituatioune keng Hëllef leescht. 
  • Informéiert d’Rettungsdéngschter a këmmert Iech duerno nees em déi blesséiert Persounen. 
  • Ass et just bei Materialschued bliwwen da fotograféiert d’Situatioun vum Accident ier d’Gefierer aus dem Verkéier geréckelt oder manövréiert ginn. 
  • Fëllt mat der Géigepartéi e Constat aus a loosst den Auto ofschleefe wann et net méi méiglech ass domat ze fueren. Wa méiglech, fuert op eng sécher Plaz, de Constat muss net op der Plaz ausgefëllt ginn.

Weider Informatiounen an e Résumé heivu fannt Dir an eisem Flyer >>>:

Wéi soll een am Fall vun engem Accident mat Wëld virgoen?

An éischter Hisiicht sollt eng Kollisioun mat engem Déier evitéiert ginn. 

Dëst andeems ee besonnesch op Plaze wou Wëldwiessel mat Schëlder annoncéiert ass seng Vitess reduzéiert an opmierksam ass. 

Wann eng Kollisioun net méi evitéiert ka ginn, da sollt een ofbremsen a versichen d’Wëld mat engem akustesche Signal ze erféieren. D’Pharen hëllefen näischt : si verblenden d’Déier an déi Gefierer déi entgéint kommen. 

Op kee Fall sollt een um Steierrad rappen oder en Auswäichmanöver probéiere well dëst den Auto un d’Schleidere brénge kann. Am Wichtegsten ass et, d’Vitess ze reduzéieren.

Ass et awer zum Accident komm:

  • Denkt als éischt un d’Eegesécherung: Déi 4 Winkere vum Auto aschalten an d’Warnvest undoen.
  • Ofséchere vun der Accidentsplaz mat Hëllef vum Warndräieck.
  • Evitéiert et d’Wëld unzepaken. Et panikéiert doduerch just nach méi, et ka krank sinn oder aggressiv ginn. Bedenkt och, dass et verbueden ass Wëld eegestänneg ofzetransportéieren. 
  • Informéiert d’Police oder de Fierschter, wann Iech dëse bekannt ass. 

Weider Informatioune kënnt Dir op dëser Säit noliesen >>>:

Wéi funktionéiert den Tirettesystem a muss dësen agehale ginn?

Jo, dëst zum Beispill bei engem Chantier oder engem Accident. An esou Fäll sollten sech d’Chauffere vun där Spuer déi ophält réischt zum Schluss an déi oppe Fuerbunn areien. 

D’Fuerer op der Spuer an déi sech agereit gëtt mussen dëst Manöver erliichteren an deem den Tirettesystem agehale gëtt. 

Den Tirettesystem ass ëmmer unzewenne soubal d’Situatioun et erfuerdert.

Dëse System net anzehale kascht laut dem Code de la Route 74€.

 

Aktualiséiert