Sexuell Gewalt - Ouni mech!

Sexuell Verstéiss géintiwwer vu Kanner a Jugendlechen, ginn eis all eppes un. Besonnesch d’Verhënnere vu Strofdoten ass eng Aufgab fir déi ganz Gesellschaft. Rotschléi, wéi ee sech géint Sittlechkeetsverbrieche schütze kann, sinn am Detail awer ganz problematesch. Et gëtt keng allgemeng Regelen ! All Situatioun ass anescht an all Affer kann ëmmer nëmmen no senge Méiglechkeeten handelen. Wat fir deen een an enger bestëmmter Situatioun richteg an efficace ass, ka fir een aneren, a bal der selwechter Situatioun, falsch a geféierlech sinn. Net jidderee behält d’Nerven an den Iwwerbléck, déi em et erlaben a sou engem Fall ugepasst ze reagéieren. Et gëtt keng Patentrezepter. Leider ass et sou, datt all Affer versiche muss d’Situatioun richteg anzeschätzen, fir dann dat Richtegt ze maachen. Wann haart Jäizen als eenzeg Méiglechkeet bleift fir gehollef ze kréien, kann dat awer och d’Ursaach si fir eng lescht kriminell Affekthandlung. Wéi gesot, et gëtt keng allgemeng Regelen a keng Patentrezepter. An awer kann ee villes verhënneren, virausgesat et ass een net ganz onvirbereet.

Author: Service Communication et Presse
Copyright: PGD

Dernière mise à jour