35. Cross fir Eisebunner

Samschdes, de 24. Februar 2018, huet den traditionellen Cross fir Eisebunner zu Biwer stattfonnt. Et war elo schonn déi 35. Editioun vun dësem Traditiounslaf, op deen d’Membere vum Lafclub all Joers erëm invitéiert ginn.

4 vun eise Leefer hunn et sech dann och dëst Joer net huele gelooss a sinn un de Start vun der Editioun 2018 gaangen.

Anescht ewéi di Joren virdrun ass dës Kéier awer net en Eisebunner als Éischten iwwert d’Ligne d’Arrivée gelaf, mee an der Persoun vum JODOCY Georges war et dëst Joer e Member aus dem Lafclub vun der Police, deen d’Course fir sech konnt entscheeden.

Iwwert eng Distanz vun 7,2 Kilometer konnt de Georges sech behaapten, dëst mat enger Avance vun 18 Sekonnen op den Zweetplacéierten. Et waren am ganzen 25 Leit, déi bei sonnegem, awer kalem Wieder de Wee op Biwer fonnt haten.

Felicitatiounen un all eis Leefer, déi folgend Zäiten gelaf sinn:

Classement M

(7.2 KM)

Numm

Virnumm

Zäit

1.

JODOCY

Georges

00:28:35’’

8.

JAEGER

Jérôme

00:32:12’’

12.

POIRE

Christian

00:34:58’’

 

Classement F

(6.4 KM)

Numm

Virnumm

Zäit

5.

HALBIG

Nadine

00:39:47’’

 

De Comité vum Lafclub

Aktualiséiert