26. Internationalen Police-Championnat

den 02. Abrëll 2018 am Kader vum CAEG Ousterlaf zu Gréiwemaacher

Zesummen mat der Generaldirektioun vun der Police hat den Lafclub vun der Police op säin Internationalen Championnat iwwert Distanz vun 10 Kilometer agelueden.

259 Leefer an Leeferinnen vun der Douane, Polizei Rheinland-Pfalz an Saarland, vun der Gendarmerie Lorraine, der Eisebunn, der Police-Schoul an vun der Police Grand-Ducale, waren vir dësen Championnat ageschriwwen.

Insgesamt konnten 695 Participant’en am Ziel gezielt ginn.

Et waren 169 Memberen aus der Police-Schoul, 35 Leefer vun der lëtzebuerger Douane, 5 Polizisten aus der Rheinland-Pfalz an 2 aus dem Saarland, 1 Gendaarme aus der Lorraine, 9 Eisebunner souwéi 27 lëtzebuerger Polizisten vir dëst Evenement gemellt.

Equippewäertung:

  1. Arméi
  2. Douane
  3. Eisebunn.

Eenzelwäertung Damen:

  1. déi éischt Plaz am Police-Championnat gung un eis Police-Kollegin, d'Joelle Hommel mat enger Zäit vun 42m35. Hat ass deemno Police-Championne 2018
  2. Caroline Steinmetz, Police-Schoul
  3. Mandy Fautsch,  Douane

Eenzelwäertung Hären:

  1. de Frank Schweitzer vun der Douane an nationalen Champion am Marathon, huet och scho wéi déi Jo’er virdrun, déi éischt Plaz gemaach, an enger Zäit vun 34m06
  2. Olivier Gorges, Arméi,
  3. Sven Remakel, Arméi

No der Course hunn mir eis Leeferinnen an Leefer mat hirer Begleedung zu enger klenger Feier mat Präisverdeelung an Informatiouns-Austausch am Centre d’Interventioun vun Gréiwemaacher getraff.

En flotten sportlechen Dag huet hei säin Ofschloss fonnt an den Ouschterméindeg 2019 gouf schonn vir déi 27. Oplag vum internationalen Police-Championnat an Betruecht gezunn.

Zum letzten Mal aktualisiert am