Peckvillercheslaf 2018 zu Nouspelt

Samschdes, den 21. Abrëll 2018 huet déi mëttlerweil 6. Editioun vum „Peckvillercheslaf“ zu Nouspelt stattfonnt. Iwwert eng Distanz vun 11 Km hunn 3 Memberen vum Lafclub Police un dëser Course deelgeholl. 93 Leefer hu sech bei excellenten Laf-Konditiounen un de Start vun dësem Traditiouns-Laf getraut.

Besonnesch ervirzehiewen wier d’Leeschtung vun eisem Member Alessia MERTEN. Hatt ass déi 11 Kilometer an enger excellenter Zäit vun 47 Minutten a 36 Sekonnen gelaf an huet sech domadder déi 2. Platz bei de Fraen geséchert.

Klassement:

Numm:

Virnumm:

Zäit:

23.

MERTEN

Alessia

00:47:36

57.

PAULY

Tim

00:57:36

58.

MAYER

Marco

00:57:36

De Lafclub felicitéiert senge Membere fir hir perséinlech Leeschtung.

Aktualiséiert