12. Escher Kulturlaf

E Samschdeg, den 8. September 2018, hunn insgesamt 7 Membere vum Lafclub vun der Police Grand-Ducale um 12. Escher Kulturlaf deelgeholl. Wéi all Joer goufen och dës Kéier erëm zwou Distanzen ugebueden; nieft der traditioneller 10-Kilometer-Course haten d’Leefer och d’Méiglechkeet, 10 Meilen ze lafen, wat ëmgerechent zirka 16 Kilometer sinn.

Den ofwiesslungsräiche Parcours duerch déi pittoresk Landschaft, gepräägt souwuel duerch d’Stol-Industrie wéi och duerch dat modernt Stadbild, huet och bei eisen auslänneschen Lafbegeeschterten vill Uklang fonnt.   

Déi eenzel Leefer vum Lafclub konnten heibäi ënnert insgesamt 1.947 Finisher folgend Resultater erzielen:

10 km Nom Prénom Temps net Classement général (hommes/femmes)
1 KRIER Pascal 00:43:14 53 (hommes)
2 HOFFMANN Guy 00:48:23 142 (hommes)
3 STEINMETZ Caroline 00:49:46 21 (femmes)
4 GRANDJEAN Anne 00:51:31 27 (femmes)
5 RADOGNA Michele 00:59:21 464 (hommes)
10 miles Nom Prénom Temps net Classement général (hommes/femmes)
1 HOMMEL Joëlle 01:21:57 27 (femmes)
2 LUDOVICY Léon 01:24:25 296 (hommes)

De Lafclub felicitéiert senge Membere fir hir perséinlech Leeschtungen.

Aktualiséiert