UTML – 3. Mëllerdall Ultratrail

Samschdes, den 8. September 2018, sinn di éischt Coureuren um 5 Minutten op 12 op de Parcours geschéckt ginn, dat op der Maartplaz zu Iechternach. De Streckeverlaf huet och dëst Joer erëm duerch Bierg an Dall vun der ‚klenger Lëtzebuerger Schwäiz‘ gefouert. De Leefer stoungen heibäi 4 Distanzen zur Auswiel, déi jeeweils iwwer 15 (Shorty-Trail), 39 (Trail), 75 (Longtrail) oder awer 112 Kilometer (Ultra-Trail) gefouert hunn.

3 Leefer aus dem Lafclub Police Grand-Ducale hu sech dëser Erausfuerderung gestallt a konnten op ënnerschiddlechen Distanzen folgend Resultater erzielen:

LONGTRAIL:
Klassement: (64 Finisher)

Numm:

Virnumm:

Netto-Zäit:

27.

BIEWESCH

Marc

10:17:06

TRAIL:
Klassement: (287 Finisher)

Numm:

Virnumm:

Netto-Zäit:

38.

EISCHEN

Marcel

04:14:46

SHORTY-TRAIL:
Klassement: (301 Finisher)

Numm:

Virnumm:

Netto-Zäit:

43.

SAUBER

Tom

1:33:13

De Lafclub felicitéiert senge Membere fir hir perséinlech Leeschtung.

Aktualiséiert