2019 - Versammlung vum Lafclub Police Grand-Ducale

E Mëttwoch, de 6. Februar 2019, huet di alljäerlech Versammlung vum ‚Lafclub Police Grand-Ducale‘ an der Kantin an der Annexe vum Service de Police Judiciaire zu Hamm, 22, rue de Bitbourg, stattfonnt.

Am Joer 2018 haten eis Memberen d’Méiglechkeet, un insgesamt 16 Coursen deelzehuelen, ugefaange mat der 23. Editioun vum Postlaf den 11. Mäerz, bis hin zum Sylvesterlaf zu Rammerech, deen d’Lafsaison 2018 ofgeschloss huet. A Punkto Participatioun un de Coursen kënnen virun allem de Postlaf (26 Leit um Start) an den ING Marathon (47 Participant’en) ervirgehuewen ginn.

Nom Réckbléck op di verschidde Laf-Resultater vum Joer 2018 an der Virstellung vum Lafprogramm 2019, gouf op dësem Owend och nach eng Kéier un déi memorabel Leeschtung vun engem vun eise Memberen, dem Kristina WAGNER, opmierksam gemaach.

D’Kristina huet insgesamt eng Ronn 350 Kilometer ronderëm Lëtzebuerg zréckgeluecht, dëst mam Ziel, Spenden ze sammelen, woubäi een Deel den Affer vum 14. Abrëll (Course-Poursuite zu Lausduer) zoukomm ass, deen aneren Deel un de Fonds de Secours vun der Police gespent gouf. Als Lafclub vun der Police hu mir d’Kristina selbstverständlech och ënnerstëtzt, andeems mir 250 € un de Projet <<Running The Thin Blue Line>> gespent hunn.

Wéi all Joers op e Neits huet de Lafclub och en Don vun jee 250.- Euro un de ‚Fonds de Secours‘ vum ‚SNPGL‘ an un d’ALUPSE <<Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale a.s.b.l.>>, eng Action Sociale vun der Police Grand-Ducale, gemaach.

Andeems d‘Laf-Tenue vun der Police an d’Jore komm wor, ass am Joer 2018 decidéiert ginn, dës ze erneieren. No insgesamt 17 Joer ‘Déngscht’ ass dee schwaarze Laf-Trikot duerch e modernen, rout-wäiss-bloen Modell ersat ginn. Dëse kruten eis Memberen op der Joresversammlung och virgestallt.

Den Owend huet säin Ofschloss bei fräier Aussprooch, enger gudder Spaghetti an engem Patt fonnt.

Aktualiséiert